21 August 2017

Sexuell Ausbeutung vu Kanner


Wat ass sexuell Ausbeutung vu Kanner?

D’sexuell Ausbeutung vu Kanner bleiwt een Tabu Thema, och an Europa an zu Lëtzebuerg. D’sexuell Ausbeutung vu Kanner existéiert iwwerall op der Welt. Hei sollt een net de Risiko vun sexueller Ausbeutung online ënnerschätzen, besonnesch well d’Méiglechkeeten vum Internet an d’Smartphonen dës Risiken fir jonk Leit erhéijen.

Et schwätzt een vun sexueller Ausbeutung vu Kanner wann et en sexuellen Mëssbrauch gëtt géint eng Géigeleeschtung (oder engem Verspriechen vun enger Géigeleeschtung) a Form vu Suen oder Saachen (Ennerkunft, Iessen, gutt Punkten, Kaddoen, etc.) fir d’Affer oder fir eng drëtt Persoun. Et gi verschidden Formen vun sexueller Ausbeutung vu Kanner: Kannerhandel fir sexuell Zwecker, sexuell Ausbeutung vu Kanner an der Prostitutioun, sexuell Ausbeutung vu Kanner am Kader vun Reesen am Tourismus, verschidden Formen vun Kannerbestietnesser a sexuellt Mëssbrauchsmaterial vu Kanner.

Heizou zielen verschidden Formen vun sexueller Ausbeutung online, wéi „Pornographie“ bei der Kanner ausgebeut ginn, Grooming (Online-Sollicitatioun), verschidden Fäll vun Sexting, an Sextortioun (sexuell Erpressung). Honnerten Dausenden Kanner aus Entwécklungslänner sinn all Joers Affer vun sexueller Ausbeutung fir sexuell Zwecker.