21 August 2017

De Jugendgrupp


EYT – De Jugendgrupp

Mir sinn ECPAT You(th) Together (EYT) e Jugendgrupp, deen et als Zil huet den Grand Public iwwer sexuelle Ausbeutung vu Mineuren ze sensibiliséieren an ze informéieren. Mir schwätzen iwwert een Thema wat an eiser Gesellschaft als Tabu ugesinn gëtt. Mat der Ënnerstëtzung vun ECPAT Lëtzebuerg a 4motion wëllen mir dësen Tabu briechen an Sensibiliséierungs-Aktivitéiten op verschiddenen Niveauen organiséieren. Mir kreéieren Videoen, organiséieren Atelieren fir d’Leit iwwert d’Thema z’informéieren, Fotoausstellungen an villes méi.

Du fënns eis Aktivitéiten ob dëser Websäit oder wann’s du eis op Facebook suivéiers . Wëlls du den Tabu briechen? Wëlls du activ ginn an géint d’sexuell Ausbeutung vun Kanner a Jugendlechen kämpfen?

Mell dech bei eis a gëff Member vun eiser Beweegung
#dontlookaway
#aenop
#youandi