21 August 2017

Maach mat


  • Bass du teschend 15 an 25 Joer al?
  • Hues du nach Zäit dëst Joer?
  • Wëlls du dech an engem Jugendprojet engagéieren?
  • Wëlls du Formatiounen kréien an Atelieren fir aner Jonker leeden?Wëlls du nei Kompetenzen léieren?

 

Dann komm bäi eis fir de Schutz vun de Jonken. Hëllef eis den Tabu ze briechen an d’sexuell Ausbeutung vu Kanner a Jugendlechen, och an Europa an zu Lëtzebuerg, virzebeugen.Du wäerts Formatiounen kréien,du wäerts däin Talent an deng Kreativitéit a verschiddenen Beräicher beweisen (Film, Fotoen, Graphismus, Schreiwen, Theater,…),du wäerts aner Jonker kennen léieren,du wäerts dech fir en gudden Zweck asetzen,du wäerts wichteg Kompetenzen fir deng Zukunft léieren: an der Ëffentlechkeet schwätzen, Responsabilitéit, sech bewosst sinn vun Diversitéiten, Organisatioun vun Evenementer, Fäegkeet peer-to-peer Atelieren ze leeden.

Mir sichen ëmmer Jonker, déi eis an eisen Aktiounen ënnerstëtzen an déi motivéiert sinn den Grand Public ze sensibiliséieren, besonnesch aner Jonker.