21 August 2017

Sensibiliséierungs-Atelieren

Peer-to-peer Atelieren


De Jugendgrupp ECPAT You(th) Together huet un Formatiounen deelgeholl fir peer-to-peer Atelieren an Schoulen an Jugendzentren ze leeden. Déi Jonk sinn iwwert d’sexuell Ausbeutung vu Kanner a Jugendlechen an Entwécklungslänner informéiert an forméiert, souwéi och iwwert d’Risiken déi, besonnesch mat der Omnipräsenz vum Internet an den sozialen Netzwierker, hei existéieren.

Déi Jonk schaffen mat enger Mallette pédagogique déi verschidden Moduler fir verschidden Längten vun Atelieren zur Auswiel huet. Si hunn eng grouss Basis u Material a kennen d’Atelieren no Ären Besoinen adaptéieren. Wann Dir dorunner interesséiert sidd peer-to-peer Sensibiliséierungs-Atelieren an Ärer Schoul oder an Ärem Jugendzentrum ze kréien, kontaktéiert eis.

Informatiounen :f.becker@ecpat.lu 
Kontakstpersoun : Fabienne Becker

 

 

 

 

 

 

Semaine EDD


D’Semaine EDD (Education au Développement Durable) ass vum 15 bis 21 Oktober 2017. Et handelt sech dobäi em eng Woch déi vum Cercle des ONG zesummen mat verschiddenen ONGen. Associatiounen an Institutiounen zum Thema “Nohaltesch Liewen” organiséiert gëtt.

ECPAT You(th) Together mëscht mat an offréiert zwee Atelieren, een bei dem kleng Filmer gedréit ginn (z.Bsp. Stop motion) an een Theateratelier. Den Jugendgrupp mëscht och bei der Organisatioun vun aneren Aktivitéiten an dëser Woch mat. Weider Informatioun kommen no.

 

Informatiounen :f.becker@ecpat.lu 
Kontakstpersoun : Fabienne Becker